← Back to jobs

Botzkraaft (w/m/x) - Haus Senior zu Nossbierg

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. · Luxembourg

Posted Sep 25, 2026 · 2d ago

Employment
Parttime, Directhire
Seniority
Senior
Category
Data
Listing language
French

Description

Eng Botzkraaft (w/m/x) - Haus Senior zu Nossbierg
D'APEMH Hébergement et Services, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Haus Senior zu Nossbierg, eng Botzkraaft (w/m/x), fir een CDI – 20 Stonnen/Woch – fir direkt oder no Oofsproch
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...)
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Mir sichen eng Botzkraaft fir  den hygieneschen Ënnerhalt vum Haus  an d'Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidaten sollen:
• iwwert Beruffserfarung verfügen
• flexibel Aarbechtszeiten schaffen
• eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen
• déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sinn vun Virdeel
• den Führerschäin Klasse B hunn
Mir bidden
• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit vun eiser Aarbecht